Zesumme mat der UGDA an am Kader vun hierem 40. Anniversaire organiséiert d'Big Band Opus 78 den UGDA Big Band Day. Vu 15 Auer un trieden eng Rëtsch lëtzebuerger Big Bands um Kiosk vun der Place d'Armes op a présentéieren Iech en ofwiesslungsräiche Programm. Et spillen dëst Joer d'Big Music Band 2001, d'Spuerkees Bankers in Concert, d'Big Band Opus 78, d'Big Band Memory an d'Märeler Big Band.