Download What's Up! apps on your mobile device
With What's Up! mobile apps you can:
  • Learn about the events happening in the greater region.
  • Find the nearest events to you on a map.
  • Create your own events and share them with everybody else for free.
  • Get notified of important events and information.
  • Vote for your favorite events and bookmark them.
  • Follow the trend of fuel prices.
  • Get public transport departure times and bookmark your most used bus stops.
  • Get the status of public parkings in and around the city.
  • and gain many more benefits!

D’Lëtzebuerger Literatur kuckt mëttlerweil op eng 200-järeg

Geschicht zeréck an, grad wéi déi aner Kënschten, leescht se e

wichtege Bäitrag zu der Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg. Hir

Entwécklung am 19. an an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert

ass enk mam nationalstaatleche Prozess verbonnen. Wat waren deemno,

sou kann een sech froen, d’Viraussetzungen, fir datt zu Lëtzebuerg

iwwerhaapt eng Literatur konnt entstoen? Wat ass doriwwer eraus hire

Bäitrag zur Konstruktioun vun der Natioun?

An enger Gesellschaft kommen der Literatur verschidde Funktiounen zou;

als kulturellt Gediechtnes, als Plattform vun der Kontestatioun an als

Forum fir d’Ausernanersetzung mat gesamtgesellschaftleche Prozesser

registréiert a reagéiert se souwuel op politesch, wéi op

wirtschaftlech, sozial a kulturell Prozesser, déi se ästhetesch

duerstellt, kritesch hannerfreet an innovativ weiderdenkt. Dëst

gesäit ee fir Lëtzebuerg besonnesch gutt bei den Theme vun der

Industrialiséierung an der Migratioun, deenen hir Duerstellung an der

Literatur mer méi am Detail wäerte kucken. Ausserdeem wäerte mer

gesinn, wéi sech an der zäitgenëssescher Literatur mat der rezenter

wirtschaftlecher Image-Campagne vum nation branding auserneegesat

gëtt.

Tarif normal :11 EUR / Tarif Jeunes : 5.50 EUR

En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande

préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence.