Download What's Up! apps on your mobile device
With What's Up! mobile apps you can:
  • Learn about the events happening in the greater region.
  • Find the nearest events to you on a map.
  • Create your own events and share them with everybody else for free.
  • Get notified of important events and information.
  • Vote for your favorite events and bookmark them.
  • Follow the trend of fuel prices.
  • Get public transport departure times and bookmark your most used bus stops.
  • Get the status of public parkings in and around the city.
  • and gain many more benefits!

Meet Jean-Claude, eise Bäcker-Patissier-Meeschter!

De Jean-Claude baakt mat senger Equipe vu betreite Mataarbechter all

déi lecker Mëtschen, Brout, Kuchen a Kichelcher an eiser Bäckerei

KlouschterBrout zu Munneref.

An dësem Workshop weisst hien Iech wéi een aus Marzipan

wonnerschéin an originell Figuren an Objetë kann zauberen. Déi si

bal ze schéi fir z’iessen, schmaachen awer lecker. An Dir maacht

mat a léiert vum Meeschter.

Wéini? Dënschdes, 11.12.2018 um 19.00 Auer

Wou? Brasserie vum Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Dauer: 19.00 – 20.30 Auer

Präis: 30 €/Persoun

(zousätzlech kritt Dir den Dag selwer 10% op de Produiten am Shop vum

Päiperleksgaart)

Umeldung: D’Plaze si limitéiert. Mellt Iech un iwwert Telefon um T.

(352) 75 85 39 oder iwwer E-mail op papillons@elisabeth.lu.

Wichteg!

No dem Ok fir Är Umeldung per Telefon oder E-mail, biede mir Iech

déi 30 €/Persoun am viraus op folgende Konto z’iwwerweisen (dëst

ass obligatoresch fir kënnen deelzehuelen):

IBAN: LU28 0019 3555 2335 7000

Numm: Jardin des Papillons

Bank: BCEE

Kommunikatioun: Datum vum Workshop an Numm vun der Persoun oder de

Persounen

Aus organisatoresche Grënn ass all Iwwerweisung endgülteg an et

gëtt kee Remboursement am Fall vun enger Annulatioun.